arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Virgezunne Parlamentswalen an Holland

Nom Aus vu 4er-Koalitioun

|
headphones

1 min

headphones

6 min

play_arrow

Virgezunne Parlamentswalen an Holland

An Holland sinn haut um Mëttwoch virgezunne Parlamentswalen. Den Ausgang ass ongewëss. Den Ëmfroen no kéinten de Geert Wilders a seng riets-extreem, anti Immigratioun- an anti-Islam "Partei fir d‘Fräiheet" hir Walvictoire vun 2023 widderhuelen.

headphones

1 min

headphones

6 min

play_arrow
© EPA/REMKO DE WAAL
(Foto: EPA/REMKO DE WAAL)

Allerdéngs huet de Geert Wilders esou gutt ewéi keng Chancen, Premier ze ginn. Dat well déi aner grouss Parteien eng Koalitioun mat him ausschléissen.

Déi zweetstäerkst Partei an de Sondage ass den Ament déi lénks orientéiert Allianz Groenlinks/PvdA ënner dem fréieren EU-Kommissär Frans Timmermans.

Gutt Chancen huet an de Sondagen och d‘Mëtt-Riets-Partei CDA ënner dem Henri Bontenbal, deen als "rising star" vun der hollännescher Politik gëllt.

Déi aktuell hollännesch Regierungs-Koalitioun vu véier Parteie war am Summer zerbrach wéinst engem Sträit iwwer d‘Immigratiounspolitik.

Mir froen d'Journalistin Ulrike Nagel, wéi ee Resultat d'Sondagë fir d'Wale vun haut viraussoen.

play_arrow Lauschteren