arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Virfall an der Atomzentral vu Cattenom

Bedreiwer EDF mellt

|
headphones

1 min

Virfall an der Atomzentral vu Cattenom

D‘lescht Woch gouf et e Virfall an der Atomzentral vu Cattenom. Dat huet de Bedreiwer EDF matgedeelt. Eng Sécherheetsmesure gouf net agehalen.

headphones

1 min

© EPA/JULIEN WARNAND
(Foto: EPA/JULIEN WARNAND)

Den 11. August, also leschte Méindeg, ass de Reakter 3 no enger geplangter Maintenance rëm un de Reseau ugeschloss ginn an dobäi wier et dunn eng falsch Konfiguratioun vun de Ventiller gi wat dozou gefouert huet, datt ze vill Killwaasser an de Reservoir gefloss ass, esou datt do den Niveau vum Waasser ze héich ginn ass. De Virfall wier réischt 3 Deeg duerno detektéiert ginn an du wier och direkt gehandelt ginn. 

Et hätt zu kenger Zäit eng Gefor fir d‘Sécherheet um Site bestanen, esou EDF, déi de Virfall als Niveau 1 vun am ganze 7 Niveaue klasséiert huet.