Den 32 Joer ale Politiker war zënter 2018 Gemengepapp vun dëser Majorzgemeng. Hien hat deemools dat Mandat vun der Cecile Hemmen iwwerholl. De Vincent Reding huet als Ursaach fir säi Récktrëtt den Zäitopwand genannt, deen de Poste mat sech bréngt. Hie wéilt sech erëm méi intensiv sengem Beruffsliewe widmen, esou de Vicent Reding, deen och President vum CSV Bezierk Zentrum ass. Et géif kee Sträit am Schäfferot ginn, huet hien nach vis-à-vis vum Wort preziséiert.
Nach ass net kloer, wie seng Successioun un der Spëtzt vun der Gemeng iwwerhëlt, am Schäfferot sinn aktuell nach den Maurice Groben an den Jean Feipel.