arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vill südeuropäesch Länner mat Bëschbränn geplot

3 Doudeger an der Tierkei

|
headphones

1 min

Vill südeuropäesch Länner mat Bëschbränn geplot

Keng Entwarnung bei de Bëschbränn am Süde vun Europa: An der Tierkei ass de Bilan vun den Doudesaffer an der Provënz Bursa op 3 geklommen. Eréischt d'lescht Woch waren 10 Leit bei Läschaarbechten an der Tierkei gestuerwen. Iwwer 3.500 Leit goufe bis ewell evakuéiert.

headphones

1 min

© picture alliance / ipa-agency | GIANLUCA VANNICELLI
(Foto: picture alliance / ipa-agency | GIANLUCA VANNICELLI)

A Griicheland sinn d'Bränn mëttlerweil ënner Kontroll oder geläscht. Ënner anerem bei der Haaptstad Athen, op Kreta an op der Hallefinsel Peloponnes waren de Weekend grouss Bränn ausgebrach.

A Bulgarien huet sech d‘Situatioun e bësse berouegt, mee Entwarnung gëtt et nach keng. D'Regierung huet d'EU ëm Hëllef bei de Läschaarbechte gefrot.

An och an Italie sinn d‘Pompjeeën am Asaz. Virun allem d'Mëttelmierinsel Sardinien ass betraff.