D’Fusioun vun den zwou Firmen erméiglecht dem Tech-Milliardär, d’Suen aus der Weltall-Firma och fir seng KI-Entwécklungsfirma ze notzen. Dat dierft virun allem geduecht sinn, fir der staarker Konkurrenz um KI-Marché entgéintzewierken.
Nei Firma kéint 1,25 Billiounen Dollar schwéier sinn
Den Elon Musk hat an der Vergaangenheet och scho Suen aus senger Auto-Firma Tesla an xAI investéiert. Déi nei fusionéiert Firma gëtt vu Finanzexperten op e Wäert vu ronn 1,25 Billiounen Dollar geschat.
Den Elon Musk huet mat dësem Projet grouss Ambitiounen.
Hie wëllt gären all Stonn Rakéite vu senger Firma SpaceX an d’Weltall schécke fir do Datenzentren opzebauen, déi da mat Solarstroum géife funktionéieren, schreift hien a sengem Blog. Do schwätzt den Tech-Milliardär och vu Fabricken um Mount.
Kritik un der KI, déi sexualiséiert Biller generéiert
D’Annonce vun der Fusioun kënnt zu engem Zäitpunkt, wou den Elon Musk vill an der Kritik steet.
Zum Engen, wéinst der elo fusionéierter KI-Firma xAI. Där hiren Chatbot gouf ëmmer nees benotzt fir Biller vun deels mannerjärege Fraen a Bikinien oder Ënnerwäsch ze generéieren, ouni, datt déi hiren Accord dozou ginn hätten.
Nodeems d’Autoritéite sech der Saach ugeholl haten, gouf dës Funktioun ageschränkt.
Musk an den Epstein
Den Elon Musk taucht awer och an de kierzlech publizéierten Epstein Files op. Doraus geet ervir, datt béid Persounen e besseren a méi enke Kontakt haten, wéi bis ewell bekannt.
An den Dokumenter wieren och E-Mail-Echangë vun 2012 an 2013 ze fannen. Et wier drëms gaangen, datt den Elon Musk den Jeffrey Epstein op deem senger Insel besicht. Ob et awer wierklech dozou komm ass, ass net gewosst.