arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vill Reen um Dënschdeg

Meteo

|
headphones

1 min

Vill Reen um Dënschdeg

Vun haut den Owend 8 Auer un a10 bis an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschden, gëllt eng Alerte Jaune wéinst Reen fir dat ganzt Land. Esou schlëmm wéi bei de staarke Reefäll virun zwou Woche soll et awer net ginn.

headphones

1 min

Fir déi nächst 24 bis 36 Stonnen rechent Meteolux mat héije Reenquantitéiten, seet de Brice Briere, Meteorolog vu Meteolux.

"Mir hunn eis Seuilen fir déi giel Alerte erreecht. Dat heescht, mir erwaarden an der Moyenne iwwert d’Land esou em déi 30 bis 40 Liter iwwert déi ganz Period.”

Esou uerg wéi nach virun zwou Woche beim Staarkreen, wou eng Alerte Rouge erausgi war, wäert et awer net ginn, esou nach de Brice Briere. Do haten och Donnerwiedere mat lokalem Staarkreen a Quantitéite vu bis zu 149 Liter op de Meter carré eng Roll gespillt. Dat ass dës Kéier net de Fall.

Well de Buedem aktuell scho fiicht wier an och an de leschten Deeg scho vill Reen gefall ass, kéint de Buedem opweeschen a plazeweis Beem an d‘Strooss falen.

Mat vill Wand wier awer net ze rechnen. Och wann d’Alerte fir dat ganzt Land gëllt, erwaart een sech awer gréisser Quantitéite vum Reen virun allem am Oste vum Land. An der Moyenne géif de staarke Reen awer dat ganzt Land betreffen, an et wier am Moment nach schwiereg genee virauszegesinn, wou wéi vill erofkënnt, esou nach de Brice Briere.