De Pic wier bannent de 7 éischte Liewensdeeg vun de Neigebuerenen – do wier den Taux vun Hospitalisatioune bis zu 27 Mol méi héich wéi bei méi ale Puppelcher. Grond wiere virun allem Erkrankunge vun den Otemweeër a vun deene wier d‘Majoritéit wéinst dem RS-Virus, heescht et nach am Rapport.
Eng Pist fir deem entgéint ze wierke wieren d‘Impfungen. Déi géint den RS-Virus ass zanter dem Hierscht 2023 hei am Land disponibel. Wéi een Effekt se méiglecherweis op d‘Hospitalisatiounen huet geet allerdéngs net aus dem Rapport ervir, well dëse just d‘Period bis 2022 ënnert d‘Lupp geholl huet.