Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
search

/ Vill Mësstrauen an nach méi Froen

Theema Immigratioun am Koalitiounsaccord

Vill Mësstrauen an nach méi Froen

D’Theema Migratioun huet am neie schwaarz-bloe Koalitiounsaccord véier Säiten. An déi wiere ganz vag gehalen, fannen de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot LFR an och d’Caritas.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa | Axel Heimken play_arrow
D'Theema Asylpolitik wäert och déi nei Regierung beschäftegen. (Symbolbild: picture alliance/dpa | Axel Heimken)

2019 war decidéiert ginn, den ONA - den Office nationale de l’acceuil - un den Ausseminister, also deemools de Jean Asselborn, unzeschléissen. Am neie Koalitiounsaccord ass awer elo festgehalen, datt den ONA nees vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Acceuil geréiert gëtt, also ënner dem neien DP-Minister Max Hahn. 

Asyl a Migratioun vermëscht

"Pour commencer, on remarque une certaine confusion entre ce qui est l’immigration et l’asyl. Ce sont deux concepts différents en suspense et en droit."

Esou d’Charlotte Brouxel, Sensibiliséierungsbeoptraagt vun Amnesty International an aktuell Spriecherin vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Déi véier Säiten iwwer “Migratioun” bleiwen iwwerdeems ganz onprezis, bedauert d’Charlotte Brouxel. Et wier vill riets vun Analysen, déi misste gemaach ginn.

"Beaucoup de points incertains et inquiétant, mais on trouve également des points positifs: l’implémentation des maisons de Retour. Ça c’est quelque chose sur laquelle nous sommes assez favorables."

Datt déi Maisons de Retour amplaz vun der aktueller SHUK um Kierchbierg Leit soll ophuelen, deenen hir Asyl-Demande ofgeleent gouf, dat begréisst och d’Carole Reckinger vu Caritas.

"Fir eis ass et wichteg, datt d’Leit op hire Retour virbereet ginn. Dat heescht, datt se och Zäit hunn, dee Schratt virzebereeden, datt se net, wa se doheem ukommen, virum Näischt stinn. Dat heescht, dat ass ee längere Prozess, an dann ass et wichteg, datt se dat kënnen an enger Maison de Retour maachen, wat net ee Prisong – souzesoen – ass."

Schaffen no véier amplaz sechs Méint

Positiv wier an hiren An och, datt een als Demandeur d’Asyl elo soll no véier amplaz sechs Méint kënne schaffe goen. “Les DPI pourront conclure un contrat de travail dans les domaines à forte pénurie de main d’oeuvre”, heescht et am Koalitiounsaccord.

"Mee wat menge mir mat "domaines à forte pénurie de main d’oeuvre"? Gëtt et do eng Lëscht? Wat fir eng sinn et?"

All dat gëtt d’Carole Reckinger ze bedenken. Och d’Charlotte Brouxel bedauert, datt de Koalitiounsaccord op deem Punkt net méi präzis ass.

"Ce sont des métiers qui nécessitent de nombreuses qualifications, pas forcément accessibles à tout demandeur de protection internationale."

Loyer gëtt direkt vum REVIS ofgehalen

Am schwaarz-bloe Koalitiounsaccord sinn och Ännerunge fir d’Ausbezuele vum REVIS festgehalen. Leit, déi an den Hebergementsstrukture vum ONA ënnerkommen, bezuelen ee Loyer, an dee soll elo, laut dem neie Koalitiounsaccord, direkt vum REVIS ofgehale ginn.

"Or, au Luxembourg, si on paye un loyer, il nous faut un contrat de bail, afin de protéger et garantir les droits de tous."

Ouni sou ee Kontrakt géif een de Risiko lafen, datt d’Leit vum Staat ofhängeg sinn, an net méi eegestänneg handele kënnen, gëtt d’Charlotte Brouxel ze bedenken.

Obligatoresch Sproochecoursen

Anere Punkt: Fir déi sozial Inclusioun ze verbesseren, géife méi Sproochecoursë fir Demandeurs d’Asyl organiséiert ginn, heescht et am Koalitiounsaccord, an déi wieren obligatoresch.

"Mee wat fir Sprooche menge mir? Lëtzebuergesch? Franséisch? Béid? Wat geschitt, wann d’Leit déi Sproochecoursen net maachen?"

Froen, déi sech d’Carole Reckinger vun der Caritas stellt.

Vill Mësstrauen

Si géif vill Mësstrauen aus dem Koalitiounsaccord erausliesen. Ee Beispill wieren déi méiglech DNA-Tester fir de familiäre Lien vu Flüchtlingen ze beweisen.

"Si schwätze jo net nëmme vun DNA-Tester, mee vun all méiglechen, alles wat dran ass fir den Alter ze bestëmmen, do loosse se all d’Dieren op. Mee mir gesinn, datt all déi Tester, och fir den Alter ze bestëmmen, relativ onprezis kënne sinn. An och deelweis humiliant fir d’Leit."

Grad wéi Amnesty International, ass och d’Caritas am Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, an als LFR hätt een eng Entrevue mam neie Minister fir den Accueil – dem Max Hahn – ugefrot. Et géif een hoffen, datt déi nei Regierung op déi Organisatioune lauschtert, déi sech an dem Beräich auskennen, esou nach d’Charlotte Brouxel.

Lauschterenplay_arrow