Et gouf scho méi einfach Zäite fir d'Ursula von der Leyen fir virun de Podium an der Plenière zu Stroossbuerg ze trieden. Wärend der leschter Legislaturperiod stoung d'Majoritéit am Europaparlament meeschtens hanner der Kommissiounscheffin.
Elo awer gëtt et Kritik aus den eegene Reie vun der Europäescher Vollekspartei, déi der Kommissiounscheffin an de Réck falen, andeems se hire sougenannten "Green Deal" mat Klimaschutzmesuren deels zesumme mat der Extrême Droite torpedéieren.
Op Stëmme vu riets ugewisen
Vun der Ried haut erwaarde sech déi aner Parteie vun der von der Leyen-Majoritéit op en Neits, datt sech d'CDU-Politikerin kloer zu hinne bekennt an eng méi haart Grenz par rapport zum rietse Lager zitt.
Mee dat ass en vue vun de Majoritéitsverhältnisser am Parlament net warscheinlech. D'Kommissiounscheffin weess, datt si fir bestëmmte Gesetzer duerchzebréngen, op Stëmmen aus dem rietse Lager eventuell net verzichte kann.
D'Arrivée vum Donald Trump am Wäissen Haus huet d'Saach net méi einfach gemaach. Den Deal mat den USA iwwer d'Douanestaxen, deen d'Kommissioun ausgehandelt huet, ass schlecht fir d'EU, soen ënner anerem déi Gréng an d'Sozialisten, déi nach opgelooss hunn, ob si um Enn dofir stëmme wäerten.
No-Ost-Konflikt: Drock op d'Kommissioun wiisst
Anere schwierege Sujet ass de Konflikt am Noen Osten: Hei erwaarde sech Sozialisten an déi Gréng, datt d'Ursula von der Leyen an hirem Speech méi kloer wéi bis elo Stellung bezitt. Datt dat geschitt ass iwwerdeems net onwarscheinlech: Den Drock op d'Kommissioun ass gewuess, och wann déi meescht wëssen, datt et d'Memberlänner sinn, déi sech net iwwer eng gemeinsam Positioun eens ginn.
Och d'Parlament deet sech iwwregens schwéier: Gëschter um Dënschdegowend gouf nach bis spéit an d'Nuecht iwwer de Wording vun der éischter Resolutioun iwwer de Konflikt gestridden. Am meeschte, wéi et heescht, doriwwer, op d'Wierder Genozid oder Hongersnout doran dierfe virkommen.