arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 'Vie Naissante' ass weiderhi kloer géint e Recht op Ofdreiwung an der Verfassung

Communiqué

|
headphones

1 min

'Vie Naissante' ass weiderhi kloer géint e Recht op Ofdreiwung an der Verfassung

D‘Associatioun Vie Naissante schwätzt sech an engem Communiqué kloer géint e Recht op Ofdreiwung an der Verfassung aus. D‘Gesetz géif och lo schonn d'Entscheedungsfräiheet an de sécheren Zougang zu enger Ofdreiwung garantéieren, mengt Vie Naissante am Schreiwes weider.

headphones

1 min

Gläichzäiteg géif awer d’Recht op d’Liewen ze vill op d’Säit gedréckt ginn.

Sollt d’Chamber d‘Propositioun vum Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum unhuelen, fuerdert Vie Naissante, datt och d‘Recht op Liewen explizit an d’Verfassung opgeholl gëtt.