arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Victoire fir den Europadeputéierte Fernand Kartheiser um Verwaltungsgeriicht

Juistz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Victoire fir den Europadeputéierte Fernand Kartheiser um Verwaltungsgeriicht

A sengem juristesche Sträit mam Ministère vum ëffentlechen Déngscht krut den adr-Politiker nämlech an 1. Instanz Recht. Dat geet aus dem Urteel ervir, dat elo publizéiert gouf.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Fernand Kartheiser war net domat d’accord, datt seng Fonctionnaireskarriär zur Zäit vu sengem nationalen Deputéiertemandat net konnt weidergoen an hien deemno net an d’Déngschtgrade 17 an 18 konnt kommen, wat sech negativ op seng Pensioun auswierke géif. 

Am Juni 2022 hat den deemolegen DP-Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen eng entspriechend Demande vum adr-Politiker zréckgewisen. Den Deputéierte war am September 2022 op den Tribunal administratif gaangen, fir déi Decisioun reforméiert oder annuléiert ze kréien. Déi éischt Riichtere vum Verwaltungsgeriicht hunn d’Entscheedung vum Marc Hansen elo, ganzer 10 Méint no der Sëtzung, annulléiert.

Si betoune virop an hirem Urteel, am Artikel 129 vum Walgesetz wier festgehalen, datt op all 1. Januar d’Pension spéciale vu Beneficiairen iwwerschafft gëtt. Dat ass eng finanziell Kompensatioun op Basis vun der Karriär, déi weidergelaf wier, wann de Beneficiaire am Statsservice bliwwe wier. De Fernand Kartheiser war am Oktober 2000 Conseiller de légation première classe genannt ginn - dat ass en diplomatesche Fonctionnairesposten am Grad 16. Hien hat domat de leschte Grad a senger Karriär erreecht, wéi hien am Juli 2009 an d’Chamber gewielt gouf. Donieft war hie vu September 2005 u Budgetsdirekter fir d’diplomatesch Missiounen, am Grad 16bis.

Geriicht: Violatioun vum Artikel 129

Den Ausseministère hätt am Joer 2005 aus engem Generalsekretariat a 6 Direktioune bestanen, dorënner déi fir de Budget vun den diplomatesche Missiounen. Als Direkter dovun hätt den adr-Politiker besonnesch Responsabilitéite gehat. D’Plaz war awer net als Fonction dirigeante ugesinn, heescht et am Urteel. De Posten hätt allerdéngs eng Entwécklung kannt. 2015 wier et nämlech zu enger Reorganisatioun am Ausseministère komm, mat elo 8 Direktiounen, dorënner där vun de Finanzen an de Ressources humaines, déi a priori als Equivalent vun där vum Fernand Kartheiser unzegesi wier. Där Reorganisatioun no war sou en Direkteschposte fir Premiers conseillers de légation: Déi Funktioun ass am Grad 18 klasséiert an als Fonction dirigeante ugesinn. Den Ex-Deputéierte wier zwar net formell Premier conseiller de légation genannt ginn, sou d’Riichteren, well hien awer ënner anerem de Poste vum Budgetsdirekter fir d’diplomatesch Missiounen hätt kënne behalen, hätt hien eng Nominatioun als Premier conseiller de légation kënne kréien, wann hie seng Karriär am Ausseministère weidergefouert hätt. D’Decisioun vum Minister wier deemno z’annulléieren, wéinst Violatioun vum Artikel 129 vum Walgesetz.

Aus dem Fonction publiques-Ministère heescht et, op Nofro hin, datt nach keng Decisioun geholl gouf, ob een Appell mécht oder net. De Fernand Kartheiser sengersäits huet drun erënnert, datt de Staat 40 Deeg Zäit huet, fir an Appell ze goen. Soulaang deen Delai net ofgelaf wier, géif hien näischt zum 1. Urteel soen.

play_arrow Lauschteren