Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Doud vu 5 Muppen an Hondspensioun: Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung enquêtéiert

Déierewuel

No Doud vu 5 Muppen an Hondspensioun: Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung enquêtéiert

Nodeems 5 Muppen an enger Hondspensioun am Süde vum Land gestuerwe sinn, enquêtéiert d'Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA.

auto_stories

1 min

Si huet de Méindeg den Owend an engem Communiqué preziséiert, d'Hondspensioun hätt keng Autorisatioun vum zoustännege Landwirtschaftsministère gehat. Déi 5 Muppe wieren all an ënnerschiddleche Situatioune gestuerwen. Weider Enquêtë wieren amgaange fir déi genee Doudesursaach erauszefannen.

D'ALVA recommandéiert an hirem Schreiwes, Leit, déi hir Hënn a Pensioune ginn, sollte virdrun e Beweis froen, datt d'Pensioun eng Autorisatioun vum Landwirtschaftsministère huet.