En Aarbechtsgrupp soll dem Verwaltungsrot déi nei Richtlinn am Fréijoer proposéieren, esou eis Sourcen.
Ee Referentiel, dee fir Diskussioune gesuergt huet
De SAMU-Referentiel ass zënter Oktober lescht Joer an der Diskussioun. Dat well eng nei Versioun vun den Urgentistë proposéiert gi war, där no och Urgentisten dierfte SAMU fueren. D’Anästhesisten hate sech dogéint gewiert, mam Argument datt Urgentisten net déi néideg Kompetenzen hätten.
De CGDIS hat wéinst der Polemik e Vott am Hierscht reportéiert an Avise vun de verschiddene Beruffsgruppe gefrot.
Um Freidegmoien huet de CGDIS eis dës Informatioune confirméiert.