D’US-Regierung wëllt domat déi militäresch Stäerkt vun den USA ënnersträichen.
Ob déi Ännerung elo duerch een Dekreet ka geännert ginn oder ob d’Parlament muss gréng Luucht dofir ginn, ass fir den Ament net gewosst.
G20 nächst Joer an den USA
Den Donald Trump wäert net um G20 Deel huelen deen am November a Südafrika wäert sinn. De G20 versammelt d’Vertrieder aus den 20 gréissten Industrienatiounen a Schwellelänner.
Hien huet awer schonn annoncéiert, datt deen nächste G20 op amerikaneschem Buedem am Dezember 2026 am Golf Ressort vu Miami organiséiert gëtt.
Ee Golfclub deen dem Donald Trump selwer gehéiert. Hien kontestéiert d’Kriticken wéinst Interessenskonflikter.