Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Cathal Murphy - Emotional Disco

play_arrow Live
search

/ Verschidde Lycéeë wäerten nei Sektiounen ubidden, dorënner Musekproduktioun an "Data literacy"

Vun der Rentrée un

Verschidde Lycéeë wäerten nei Sektiounen ubidden, dorënner Musekproduktioun an "Data literacy"

Fir déi nächst Schoulrentrée ginn nei Sektiounen am General ageféiert. Dat awer just an eenzele Schoulen. Esou wäert de Lycée Michel Lucius eng Sektioun fir "Production musicale“ ubidden. Hei steet alles, wat mat Museks- an Tountechniken ze dinn huet, am Mëttelpunkt.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Am ECG kënnt engersäits eng Sektioun "Affaires économiques" bäi, bei där den Entreprenariat am Fokus steet, mee och eng Sektioun "Data literacy": hei gi Spezialisten an digitaler Dateveraarbechtung ausgebilt.

Iwwerdeems gëtt d'Educateursformatioun vun der nächster Rentrée un och op Franséisch ugebueden, an zwar an der ENAD um Belval. Dat huet den Educatiounsministère matgedeelt.