Radioen

On air

Notturno  |  Wiki & Subjxct 5 - One More Chance Feat. Navy Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verschidde Kontaktlënse vun der Mark Alcon ginn zeréckgeruff

Santé

Verschidde Kontaktlënse vun der Mark Alcon ginn zeréckgeruff

D‘Kontaktlënsen "Dailies Total 1“ an "Total 30“ vun der Mark Alcon ginn zeréckgeruff. Dat mellt de Gesondheets- an de Sozialministère. Déi betraffe Lënse wiere mat engem Léisungsmëttel fabrizéiert ginn, an deem eng ongeplangte Substanz dran ass.

auto_stories

1 min

Foto: Alcon

Déi wier an de Lënsen dra bliwwen. Deemno wieren d‘Produiten net konform. D‘Lënse géife kee gréissere Gesondheetsrisiko duerstellen. Allerdéngs kéinten Irritatiounen, Rougeursen oder eng flou Visioun optrieden. Déi Symptomer géifen awer am Prinzip fortgoen, wann een d‘Lënsen ausdeet oder wiesselt, heescht et nach am Schreiwes.

Betraffe Leit solle sech un den Optiker oder d‘Apdikt adresséieren, wou d‘Lënse kaf goufen.