Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux Trio - This Ain't Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verschäerften Areesprozedure fir Groussbritannien 

Och fir EU-Bierger:innen 

Verschäerften Areesprozedure fir Groussbritannien 

Groussbritannie verschäerft d‘Prozedure fir als Tourist an d‘Land ze reesen. Och fir EU Bierger geet de Pass geschwënn net méi duer. Et brauch een zousätzlech och nach eng elektronesch Arees-Autorisatioun – eng sougenannt ETA (Electronic travel authorization).

auto_stories

1 min

Englesch Grenzkontroll | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Englesch Grenzkontroll (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Déi gëtt den 2. Abrëll obligatoresch, also a ronn engem Mount. Vun haut u kann een dës digital Autorisatioun schonn ufroen. Si kascht ëmgerechent 12 Euro, mee soll spéider op 19 Euro klammen. Et muss ee Froe beäntwerten, Detailer iwwer Adress an Aarbecht ginn, a Fotoe vum Pass a vum Gesiicht eroplueden. Wann dat alles klappt, ass déi Autorisatioun dann zwee Joer laang gülteg.