search

/ Vermëttlerstaat Pakistan mellt nei Verhandlungen tëschent dem Iran an den USA

Noen Osten

|
reading time

1 min

Vermëttlerstaat Pakistan mellt nei Verhandlungen tëschent dem Iran an den USA

Aktuell géifen nei Gespréicher iwwer eng Deseskalatioun an der Strooss vun Hormus lafen, heescht et vum Vermëttlerstaat Pakistan. Obwuel den Iran an d'USA offiziell e Waffestëllstand ofgemaach hunn, ginn d'Attacken an domat och de Blockage vun der Hormus-Passage weider.

reading time

1 min

© EPA/SOHAIL SHAHZAD
(Foto: EPA/SOHAIL SHAHZAD)

Nach an der leschter Nuecht hunn déi zwou Krichsparteien nees Attacken an der Regioun lancéiert. An de leschte Woche war et ëmmer nees zu béidsäitegen Ugrëff komm, obwuel offiziell eng Wafferou tëschent dem Iran an den USA gëllt. Dat ënner anerem well Israel weider Attacken op de Süde vum Libanon lancéiert hat.

Pëtrolspräisser klammen nees

Am Kader-Accord tëschent dem Iran an den USA war awer festgehale ginn, datt den US-Alliéierten d'Attacken op déi pro-Iranesch Hisbollah-Miliz misst astellen. Den Iran hat no den israeeleschen Attacken am Süd-Libanon nees d'Strooss vun Hormus blockéiert. 

Duerch d‘Situatioun am Noen Oste sinn d‘Pëtrolspräisser de Moien op de Boursse geklommen. De Brent läit am Moment bei 91,75 US-Dollar.