search

/ Verlängerung ëm 4 Joer vun de staatleche Primme fir Gefierer ouni CO2-Emissiounen

Mobilitéit

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Verlängerung ëm 4 Joer vun de staatleche Primme fir Gefierer ouni CO2-Emissiounen

Ee Gesetzesprojet vum CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes gesäit déi Verlängerung fir Gefierer ouni CO2-Emissioune vum Programm "Klimabonus Mobilitéit" vir a gouf rezent an der Chamber deposéiert. D'FEDAMO weist sech op Nofro hin zefridde mat der Planungssécherheet bis Mëtt 2030.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Rene Traut Fotografie | Rene Traut
(Foto: picture alliance / Rene Traut Fotografie | Rene Traut)

D'Stabilitéit vun de Konditioune wier wichteg fir de Marché a fir d'Clienten, esou d'Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité.

Grondsätzlech wier de Prefinanzement vun de staatleche Primmen duerch den Autosverkeefer positiv fir de private Client, esou de Philippe Mersch, President vun der FEDAMO.

Froe ronderëm de Remboursement

Bis d’Gesetz a Kraaft trëtt, missten awer nach eng Rei Konditiounen an administrativ Problemer gekläert ginn, notamment fir de Concessionnaire. Et géif ee sech eng Rei Gedanke maachen, esou de Philippe Mersch. 

"Net nëmme wat d'Tresorerie ubelaangt, déi mir da musse virfinanzéieren, mee och wéi séier dat rembourséiert gëtt. Mee do lafen éischt Preparatiounsgespréicher un, mat der Regierung, fir dat esou einfach wéi méiglech ze gestalten." 

Et misst schrëftlech festgehale ginn, a wéi engem Zäitraum d'Autosverkeefer déi virfinanzéiert Primmen zeréckbezuelt kréien, fuerdert de FEDAMO-President. An dat misst esou kuerz wéi méiglech sinn. 

"Well wann eng Concession automobile, wann déi an engem Mount 50 Prozent vu sengen Autoen elektresch un de Clienten ausliwwert, a jeeweils 6.000 Euro muss op der Strooss hunn, bis datt de Staat déi zeréckbezilt, ass dat en extreem wichtege Punkt, wéi séier déi wäerte rembourséiert ginn." 

Vereinfachten Zougank zum elektreschen Auto 

De geplangte Prefinanzement vun de Primmen aus dem Programm "Klimabonus Mobilitéit" - änlech wéi dee schonn elo bei Photovoltaikanlagen - wier dem FEDAMO-President Philippe Mersch no awer ee Schrack fir den Zougank zum elektreschen Auto ze vereinfachen. 

Et géif virun allem interessant ginn, wann ee beispillsweis direkt beim Kaf géif cash bezuelen, op déi Primm dann direkt zeréckbehale géif ginn. 

"Oder wann ech e Kredit maachen, datt ech dann och net muss déi 6.000 Euro am Viraus matfinanzéieren, soudatt et warscheinlech e méi grousse Panel gëtt vu Clienten, déi dann interesséiert sinn." 

Fir d’Verlängerung vun de Primme fir Mobilitéit ouni CO2-Emissioune plangt d’Regierung iwwer déi nächst véier Joer 336 Milliounen Euro auszeginn. Wann d’Mobilitéit an Zukunft soll elektresch sinn, da géif et de Moment net ouni Subside goen, esou dozou de Philippe Mersch.

Dem Projet no soll d’Gesetz fir d’Verlängerung vun de Primmen den 1. Juli 2026 a Kraaft trieden. De Prefinanzement soll vum 1. Januar 2027 u funktionéieren.

Wéi reagéieren d'Keefer:inne vun neien Autoen? 

De Philippe Mersch huet iwwerdeems d'Gefill, datt den Interessi, besonnesch u gebrauchten E-Autoen, amgaange wier ze klammen. 

"Well effektiv d'Leit sech Suerge maachen iwwer d'Spritpräisser. Dat betrëfft all Mënsch, et betrëfft eis och als Betrib, mir hunn och eis Autoen, an déi mer musse méi deiere Sprit draschëdden. Et mécht engem Suergen am Allgemenge wéi et weidergeet."

A sengen Aen kéint et awer dozou féieren, datt d'Leit beim Kaf vun engem Auto d'Elektromobiliéit éischter consideréieren, esou de Philippe Mersch. 

play_arrow Lauschteren