arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verlängere vun EU-Sanktioune géint Russland, Oligarch Fridman bleift op der Lëscht

EU

|
reading time

1 min

Verlängere vun EU-Sanktioune géint Russland, Oligarch Fridman bleift op der Lëscht

D‘EU Länner goufen sech gëschter no wochelaangen Diskussiounen awer nach zur Zäit eens fir d‘Sanktioune géint Russland nach emol ze verlängeren. Entgéint de Fuerderunge vun Ungarn an der Slowakei bleiwen deemno zwee prominent russesch Oligarchen op der Lëscht vu sanktionnéierte Persounen.

reading time

1 min

EU-Parlament | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Dwi Anoraganingrum/Geisler-Fotop
EU-Parlament (Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Dwi Anoraganingrum/Geisler-Fotop)

Dorënner de Mikhail Fridman, deem säi Verméigen zu Lëtzebuerg agefruer ass. Hien huet de Lëtzebuerg Staat dowéinst verklot.

De Kompromëss gesäit awer vir, datt d‘Sanktioune géint am Ganze ronn 2.600 Persounen an Organisatiounen nëmmen ëm sechs Méint verlängert ginn am Plaz vun engem Joer.

Wann et keen Accord ginn hätt, wieren d‘Sanktiounen haut ofgelaf.

Iwwerdeems huet d‘Ukrain eng russesch Rakéitenattack op d‘Stad Saporischschja gemellt. Eng Persoun wier ëm d‘Liewe komm, esou déi ukrainesch Autoritéiten.