Dës Donnéeë ginn aus enger Äntwert vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.
Zanter dem 1. Abrëll 2023 sinn déi gängeg Verhütungsmëttel hei zu Lëtzebuerg fir jidderee gratis, ouni Altersgrenz. Just Kondomer gi weiderhin net rembourséiert. D’Gesondheetsministesch präziséiert an hirer Äntwert, datt dës Zuelen als provisoresch ze consideréiere sinn, well d’CNS nach net all d’Rechnunge vun 2023 kritt hätt.