arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verhandlungsdelegatioune vun USA an Ukrain haut zu Florida

Krich géint d’Ukrain

|
headphones

2 min

Verhandlungsdelegatioune vun USA an Ukrain haut zu Florida

An der Nuecht op e Sonndeg gouf et weider russesch Attacken op d’Ukrain. Russesch Rakéiten an Dronen hunn d’Haaptstad Kiew ugegraff. Op d’mannst eng Persoun koum dobäi ëm d’Liewen, 11 goufe blesséiert.

headphones

2 min

D'Pompjeeën zu Kiew am Asaz no de russeschen Attacken den 29. November 2025 | © picture alliance / NurPhoto | Oleksandr Khomenko
D'Pompjeeën zu Kiew am Asaz no de russeschen Attacken den 29. November 2025 (Foto: picture alliance / NurPhoto | Oleksandr Khomenko)

Dobäi gëtt iwwer een Enn vum Krich diskutéiert. Verhandlungsdelegatiounen aus den USA an der Ukrain gesinn sech haut a Florida.

An der amerikanescher Delegatioun ass den Ausseminister Marco Rubio, dem Trump säi Spezialvermëttler Steve Witkoff, an dem Trump säin Eedem Jared Kushner.

Chef vun der ukrainescher Delegatioun ass de Rustem Umjerow. Säin Numm ass och scho mol gefall, am Kontext mam aktuelle Korruptiounsskandal vun deem déi ukrainesch Regierung betraff ass. Den Umjerow weist awer all Virwërf zeréck.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj weist sech an engem Videomessage vu Samschdegowend zouversiichtlech. Et wier duerchaus realistesch, datt an den nächsten Deeg konkret Schrëtt gemaach ginn, wéi dee Krich kann op en Enn goen.

D‘nächst Woch soll dann eng amerikanesch Delegatioun op Moskau reesen – mat Proposen an der Wallissen. Allerdéngs ass aktuell net of ze gesinn, ob Moskau déi Pläng och acceptéiert.

Moskau huet an de leschte Méint ëmmer erëm kloer gemaach, u senge Krichsziler fest ze halen. Dat heescht och, datt si grouss Territoire vun der Ukrain wëllen, wou mat déi guer net averstane sinn.

Um Méindeg ass den ukrainesche President Selenskyj dann op en neits zu Paräis bei sengem franséischen Homolog. Déi zwee wäerten iwwert de Friddensplang diskutéieren, wei e vun den Amerikaner op den Dësch geluecht gouf.