Gläichzäiteg huet den iraneschen Ausseminister d’Erwaardunge vun engem séieren Duerchbroch gebremst.
Méi wéi dräi Stonnen hunn d’Gespréicher tëschent den USA an dem Iran de Mëtteg an der omanescher Ambassade zu Genève gedauert. D’USA waren do ënner anerem vum Emissär Steve Witkoff an dem Edem vum US-President Donald Trump, dem Jared Kushner vertrueden.
Iran bereet nukleare Programm ze begrenzen
D’Verhandlungen dréien ënner anerem ronderëm den iraneschen Atomprogramm. D’USA wëlle verhënneren, datt den Iran un Atomwaffe kënnt. Den Iran wier och dozou bereet hire nukleare Programm ze begrenzen, dat awer nëmmen, wann d’USA hir wirtschaftlech Sanktioune géint d’Land ophiewen.
Iwwerdeems huet den Donald Trump ëmmer nees domat gedrot, militäresch anzegräifen, wann den Iran déi landeswäit Protester weiderhi géif bluddeg néierschloen.
Ausschaffe vun Accord kann nach daueren
Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi huet no de Gespréicher am iranesche Staatsfernsee gesot, datt d’Verhandlunge konstruktiv gewiescht wieren. D’Ausschaffe vun engem Accord géif awer nach daueren. Deementspriechend steet och nach keen Datum fir eng drëtt Verhandlungsronn fest. Dee soll awer zäitno fixéiert ginn.
Et géif nach daueren, fir d’Kluft tëschent de Positioune vu béide Säiten ze reduzéieren, esou nach den Araghtschi.
Zu Genève ginn haut och d’Verhandlungen tëschent der Ukrain a Russland, mat den USA als Vermëttler, virun.