Géint den Allgemengmedeziner Benoît Ochs leeft en Disziplinarverfare wéinst Verstéiss géint den Deontologiekodex. De Generalist hat wärend der Coronapandemie op sech opmierksam gemaach, als eng vun den Haaptfiguren ënnert de Géigner vun de sanitäre Moossnamen an der Impfung géint Covid-19.
Dem Dokter seng Affekoten haten argumentéiert, datt de Conseil de discipline a senger aktueller Constellatioun - där nämmlechter wéi an engem éischte Verfare wéinst änlechen Accusatiounen - net onofhängeg an onparteiesch wier.
2022 hat de Benoit Ochs schonn eemol fir d’Period vun engem Joer verbuede kritt, z’exerzéieren. An der aktueller Affär huet de Collège médical e Beruffsverbuet vun 2 Joer gefuerdert. Nodeems de Riichter sech elo huet missten zeréck zéien, misst d’Verfare wuel komplett nei opgerullt ginn, sou nach den Henri Eippers.