arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op Wonsch um Secteur: Vereinfachung fir de Wäibau an Uebst- a Geméisbau

Landwirtschaft

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Op Wonsch um Secteur: Vereinfachung fir de Wäibau an Uebst- a Geméisbau

D'Ännerungen um Code de travail am Wäibau an och am Uebst- a Geméisbau solle Vereinfachunge mat sech bréngen. Beispillsweis soll et fir d'saisonal Aarbechter:innen nach eng Ënnerkategorie vun den geleeëntlechen Aarbechter:inne ginn.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Morgane Weidig | © Morgane Weidig
Martine Hansen, Georges Mischo, Serge Fischer (Foto: Morgane Weidig)

Virgesinn ass, datt déi Kontrakter vun geleeëntlechen Aarbechter:inne fir maximal dräi Méint pro Kalennerjoer dierfen ausgeschriwwe ginn. Fir déi Aarbechter:innen gëtt dann och tëschent Posten à risque a Posten net à risque ënnerscheet, wat d’Ausstelle vu Certificat-médicalle vereinfache soll.

Betriber, déi occasionell Aarbechter astellen, wäerten an Zukunft manner Salairesefichen ausstelle mussen, wéi bis elo, erkläert den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo.

"Wann elo zum Beispill de Saisonsaarbechter iwwert de Mount ewech geschafft huet, dat heescht, en huet Enn des Mounts ugefaangen an huet bis Ufank des nächste Mount geschafft, dann huet e missten en Dekont gemaach kréien um Enn vun deem éischte Mount an do en Deel bezuelt kréien an duerno en zweeten Dekont am neie Mount. Dat gëtt lo alles beienee gemaach."

Duerch dës Vereinfachung hunn d’Betriber dann och just nach een Dag Zäit dat ze maachen amplaz vu bis elo fënnef.

Ënnerscheed tëschent Risiko an Net-Risiko

Fir net-Risikoposten kënnen d'Aarbechter:innen och schonn an hirem Hierkonftsland de Certificat médical ufroen, erkläert den Aarbechtsminister Georges Mischo.

“Deen Dokter fëllt de Formulaire aus, deen dann un d'Divisioun de la Santé vum Ministère fir Gesondheet a Sozial Sécherheet geschéckt gëtt. Innerhalb da vun e puer Deeg gëtt en Zertifikat ausgestallt, ob a wann déi Persoun apte ass fir déi Aarbechten, déi virgesi sinn. Den Aarbechter kënnt also an d'Drauwelies mat engem gëltegen Zertifikat médical."

Fir Posten à risque, also bei Aarbechte mat Maschinnen, gëlle weiderhin déi selwecht Prozedure wéi bis elo.

Sonndes dierf gepléckt ginn

Iwwerdeems sollen Derogatioune fir de Verbuet vun der Sonndesaarbecht och op den Uebst- a Geméisbau ausgeweit ginn. Bis elo war et sou, datt d'Drauwelies och Sonndes duerft gemaach ginn. Et war awer illegal Uebst ze plécken, dat soll elo änneren, wéi d'CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen erkläert.

"An elo gëtt se eeben am Gesetz erlaabt. Well wann d'Äerdbier zeideg sinn, wann ech d'Äerdbier gäre méindes am Supermarché hunn, da mussen se sonndes kënne gepléckt ginn."

Wäistuffe sollen un den Horecasecteur ugepasst ginn

Nieft der Sonndesaarbecht fir den Uebst- a Geméisbau, soll och d'Aarbechtsorganisatioun  vun de Wäistuffen, wou d'Leit Wäiner direkt beim Betrib schmaache kënnen, un den Horecasecteur ugepasst ginn, esou nach de Georges Mischo.

"Duerch dës Prezisioun gëtt de legale Kader vun den Aarbechterinnen an Aarbechter, déi an de Wäistuffe schaffen, kloer gestallt a gëtt eng gewësse Gläichstellung geschaf tëschent Aarbechter vum Horeca-Secteur an den Aarbechter, déi a Wäistuffen änlech Tâchen hunn."

De Projet de Loi fir d'Modifikatiounen um Code du Travail wier schonn am Regierungsrot ugeholl. Den Aarbechtsminister hofft, datt e fir déi nächst Saison a Kraaft ass. Dës Ännerunge kommen op Demande vum Secteur nom Wäibaudësch am Juli.

play_arrow Lauschteren