Ënnert dem aktuelle chineesesche Minister sengem verschwonnene Virgänger Li Shang-fu haten d’Verdeedegungsautoritéite vu béide Staate kee Kontakt, well d’USA Sanktioune géint de Li decidéiert haten, a Relatioun mam russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain.
No der Entrevue vum chineesesche Staats- a Parteichef an den US-President am November zu San Francisco waren och d‘Militärvertrieder vu béide Staaten erëm a Kontakt getrueden.
Virun allem wéinst dem Sträit iwwer Taiwan ginn et awer grouss Spannungen tëschent den USA a China.