Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Messerattack zu Southport: Verdächtege gouf ugeklot

Groussbritannien

No Messerattack zu Southport: Verdächtege gouf ugeklot

No der déidlecher Messerattack op e Kannerdanz-Atelier zu Southport an England gouf dee 17-Joer ale Verdächtege wéinst dem Mord vun dräi Kanner ugeklot. Dräi Meedercher tëschent 6 a 9 Joer koume bei der Attack e Méindeg ëm d'Liewen. Dee presuméierten Täter soll haut zu Liverpool virun e Geriicht kommen.

auto_stories

1 min

Messer | © picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann

Et gouf dann och weider Ausschreidungen tëschent rietsextreeme Gruppen an der Police an Zesummenhang mat der Messerattack. Zu London goufen iwwer 100 Demonstrant:innen net wäit vum Regierungssëtz an der Downing Street festgeholl. 

Ausléiser vun de Krawalle sinn der Police no, Gerüchter a Falschmeldungen, déi behaapten, de presuméierten Täter wier illegal als Flüchtling an d'Land komm a wier scho vum brittesche Geheimdéngscht observéiert ginn. 

D'Police huet dës Gerüchter zeréckgewisen. De presuméierten Täter hätt ruandesch Elteren, wier a Groussbritannie gebuer a géif zanter iwwer 10 Joer zu Southport liewen.