Dat wier eng éischt Etapp, ier eventuell Prozedure lancéiert ginn, heescht et. D‘Konkurrenz-Autoritéit gëtt kéng Detailer iwwert d‘Identitéit vun de Betriber, déi verdächtegt ginn, an och net, mat wéi enge Praktiken si eventuell géint d‘Konkurrenzrecht verstouss hätten.
D‘Konkurrenz-Autoritéit präziséiert, si hätt op Demande vum Conseiller e Communiqué publizéiert, fir aner Betriber, déi nach net kontrolléiert goufen, ze informéieren, a fir si drop hinzeweisen, dass si vun engem sougenannte "Clémence-Programm" kënne profitéieren. Dat heescht, datt Betriber, déi kooperéieren an anerer denoncéieren, manner héich Strofen oder eng komplett Immunitéit kënne kréien.