D’Zeie vun haut ginn dovun aus, dass d’Dot dem Beschëllegte leed deet. Dëse Prozess hat de 14. Januar 2026 ugefaangen.
De Fils als Zeien
De Fils huet säi Papp als einfache Mann beschriwwen: hien hätt deen och net aggressiv erlieft, och net vis-à-vis vun der Mamm, déi ganz léif gewiescht wier.
D’Koppel hätt wuel e bëssen nieftenee gelieft, mede Fils war schockéiert doriwwer, datt déi zwee ausenee goe sollten. Hie wier enttäuscht gewiescht vun deenen zwee an doriwwer, dass hie selwer näischt gemierkt hätt, esou de Fils.
Dee war um Dag no der Dot vu Bonn zréckkomm a mat der Schwëster heem gefuer, fir ze diskutéieren. Wéi d’Mamm um aacht Auer owes nach net do war, wier versicht ginn, si ze kontaktéieren. Si wier awer net op den Handy gaangen.
Nodeem si den anere Moien nach ëmmer net do war, an e Cousin hiren Auto fonnt hat, awer keng Spuer vun der Mamm, hätt ee mëttes eng Vermësstemeldung opginn. Wéi d’Schwëster him op eemol zu Bonn ugeruff a just gekrasch hätt, wier hien direkt heemkomm a wier op der Plaz d’Wourecht gewuer ginn.
De Brudder als Zeien
De Brudder vum Ugekloten huet den eegenen Aussoen no och ni festgestallt, datt et an der Koppel grouss Problemer ginn hätten.
Hie wier vun enger gudder Relatioun ausgaangen, och wann dat wuel zum Schluss net méi de Fall gewiescht wier. Dat hätt hien awer net gemierkt.
Säi Fils hätt vun der Duechter vum Ugeklote matgedeelt kritt, datt säi Brudder seng Fra ëmbruecht hätt, huet den Zeie betount. Dee selwer scho mat eng Ausstellung iwwer Femiziden organiséiert hätt, also iwwert d’Doutmaache vun enger Fra op Grond vun hirem Geschlecht.
Dëse Prozess geet de 27. Januar virun.