arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ New York: Nicolás Maduro muss sech viru Geriicht veräntwerten

Ugrëff op Venezuela

|
headphones

2 min

New York: Nicolás Maduro muss sech viru Geriicht veräntwerten

Zwee Deeg no der US-Interventioun a Venezuela, misst den interpelléierten Ex-President Nicolas Maduro sech wéi vun den USA geplangt zu New York virun Geriicht veräntwerten. Him gëtt vun den USA virun allem Drogenhandel virgehäit.


headphones

2 min

EPA/ROLEX DELA PENA | © EPA/ROLEX DELA PENA
Protester Venezuela (Foto: EPA/ROLEX DELA PENA)

Zesumme mat senger Fra huet hie sech der US-Justiz misse stellen. Bei dëser éischter Auditioun huet den 63 Joer alen ofgesatene President op net schëlleg plädéiert an erkläert, hie wär nach ëmmer de President vu sengem Land. 

Virworf vun Terrorismus an Drogenhandel

Op verschiddenen US-Tëleeschaînen ass den ofgesate President an Handschellen a mat Eskort ze gesinn. Washington gehäit dem Nicolás Maduro Terrorismus an Zesummenhang mam Drogenhandel vir.

Interimspresidentin bereet ze kooperéieren

Déi venezuelanesch Interimspresidentin Delcy Rodríguez weist sech bereet zu enger Kooperatioun mat den USA. Dat, nodeems den Donald Trump si gewarnt huet. Wa si dat net richteg mécht, misst si warscheinlech nach méi een héije Präis bezuelen, wéi den Nicolás Maduro, esou den Donald Trump. D'Interimspresidentin Delcy Rodriguez soll haut um Méindeg vereedegt ginn.

An engem Message op Instagram schreift si, déi venezuelanesch Regierung géif déi amerikanesch Regierung opruffen zesummen un enger Kooperatiouns-Agenda am Kader vum Vëlkerrecht ze schaffen.

All EU-Länner ausser Ungarn reagéieren op d'Attack 

Den UNO-Sécherheetsrot soll e Méindeg de Mëtteg um 4 Auer eiser Zäit fir eng urgent Sëtzung op Demande vu Venezuela zesummekommen.

Iwwerdeems huet d‘EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas eng schrëftlech Deklaratioun am Numm vun der EU op de soziale Reseaue publizéiert. Si insistéiert doran op d‘Recht vum venezuelanesche Vollek selwer iwwer seng Zukunft ze decidéieren. Hir Deklaratioun gouf vun allen EU-Länner, ausser Ungarn, ënnerschriwwen. 

Och kubanesch Sécherheetsforcen ëmbruecht 

Déi kubanesch Regierung gouf iwwerdeems bekannt, datt bei der Attack vun den USA op Venezuela 32 Membere vun de kubanesche Sécherheetsforcen ëm d‘Liewe komm wieren.