Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Véier Doudeger bei Protester - Oppositiounspolitiker gouf festgeholl

Neie Bilan a Venezuela

Véier Doudeger bei Protester - Oppositiounspolitiker gouf festgeholl

Am Venezuela klëmmt de Bilan vun den Doudesaffer no Ausernanersetzungen tëscht der Police an Demonstranten op 4. 44 Persoune wiere blesséiert ginn, esou ONGen an d‘Spideeler. 46 Mënsche wiere bei de Protester no der ëmstriddener Re-Elektioun vum President Nicolás Maduro festgeholl ginn.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Jeampier Arguinzones

D‘Sécherheetskräften hätte mat Tréinegas a Gummispatrounen op d‘Manifestante geschoss. D‘Oppositioun huet fir haut zu enger Groussdemonstratioun géint d‘Regierung opgeruff. Mee och de Regierungscamp wëll seng Unhänger op d‘Strooss bréngen. 

D'Oppositioun mellt iwwerdeems d'Festnam vun engem héijen Oppositiounspolitiker. De Freddy Superlano wier vun de Sécherheetskräftematgeholl ginn, esou seng Partei "Voluntad Popular“.

De President Nicolás Maduro war gëschter vum Wal-Conseil op Grond vu partielle Resultater als Walgewënner deklaréiert ginn. D‘Oppositioun am Venezuela kontestéiert d‘Resultat a revendiquéiert d‘Victoire fir sech.

D‘Oppositioun kontestéiert d‘Resultat a behaapt, hire Kandidat, Edmundo Gonzalez, hätt d‘Wale mat iwwer 70 Prozent vun de Stëmme gewonnen.

Och vun Deeler vun der internationaler Communautéit ginn et Zweifel um Walresultat.