Radioen

On air

Moiesstudio  |  Kaytranada - 10% Feat. Kali Uchis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Venezuela: 2.000 Demonstrant:inne festgeholl an an Héichsécherheetsprisonge bruecht

Géint Walvictoire vum Nicolas Maduro

Venezuela: 2.000 Demonstrant:inne festgeholl an an Héichsécherheetsprisonge bruecht

A Venezuela huet d‘Oppositioun géint d‘Walvictoire vum President Nicolas Maduro manifestéiert. Seng autoritär Regierung huet haart duerchgegraff.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Jorge Mantilla
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jorge Mantilla

2.000 Demonstrant:inne goufe festgeholl an an Héichsécherheetsprisonge bruecht, heescht et vum Maduro selwer. Hie präziséiert „Déi Kéier gëtt et kee Pardon“. Den Nicolas Maduro geheit der Oppositioun fir, e Staatsstreech ze plangen, hannert all deem stéingen d‘USA. Esou seng Analyse.