arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Véierte Joresdag vun den Iwwerschwemmungen am Ahrtal

Däitschland

|
reading time

1 min

Véierte Joresdag vun den Iwwerschwemmungen am Ahrtal

Um véierte Joresdag vun den Iwwerschwemmungen am Ahrtal hunn haut den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, esouwéi och d‘Ministerpresidente vu Rheinland-Pfalz a vun Nordrhein-Westfalen den Affer vun der Flutkatastroph gedenkt.

reading time

1 min

© picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto
(Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto)

D'Ahrtal wier zu enger Plaz vun Hoffnung ginn, déi den Zesummenhalt an den Tatendrang an der Regioun weist, an de Joresdag haut wier och eng Verflichtung, d‘Heemescht besser ze schützen, huet et vun de Ministere geheescht. 

Dem Kanzler Friedrich Merz no wieren d‘Konsequenze vun den Iwwerschwemmunge bis haut ze spieren an ze gesinn. An Zukunft misst besser dofir gesuergt ginn, datt deene Betraffenen méi séier gehollef gëtt.

2021 huet staarke Reen an dëser Regioun extrem Iwwerschwemmungen ausgeléist. Am ganze sinn 185 Mënsche gestuerwen.