Nei Direktesch vun der Police judiciaire gëtt d’Kristin Schmit. Fir Strategie a Leeschtung gëtt den Tom Didlinger zoustänneg. Dat vum 15. Mee un.
Vum 1. Juni u gëtt dann de François Lutgen neien Zentraldirekter fir Ressourcen a Kompetenzen. Zentraldirekter fir d’Police administrative gëtt iwwerdeems den Thierry Fehr. Neie Generaldirekter gëtt de Pascal Peters.