Mëttlerweil gëtt et vun der Universitéit Lëtzebuerg e sougenannte Variatiounsatlas. Deen dokumentéiert an analyséiert déi verschidde linguistesch Variabelen an der Lëtzebuerger Sprooch. Iwwerdeems kann een dobäi op Kaarte gesinn, wéi sech d'Variabele vun engem Wuert uechter Lëtzebuerg entwéckelt hunn.
Nuecht oder Nait?
Do kéint een zum Beispill gesinn, datt d'Wuert "Nuecht" vill Varianten huet wéi ënner anerem "Nuet", "nuets", "hënt" oder "Nait". Mëttlerweil huet sech "Nuecht" majoritär am Land verbreet, bis op de Kanton Clierf ganz am Norden.
De Peter Gilles erkläert, datt d'Dialekter sech duerch déi vill Mobilitéit géife vermëschen, wéi zum Beispill duerch d'Schoulkanner déi iergendwann an d'Stad an de Lycée fueren. Dat erkläert och firwat den Alter sou eng wichteg Roll spillt. Dacks hätt een nämlech Wierder, déi déi jonk Generatioun schonn iwwerholl huet, déi méi eeler Generatioun awer net benotzt. E klassescht Beispill wier do den "Nek" aus dem Norden.
Franséisch an Däitsch spillen eng Roll dobäi
Och de Bildungsniveau géif eng Roll spillen. Respektiv op ee soss éischter seng Kompetenzen am Franséischen oder am Däitschen hätt. Dat hätt nämlech en Afloss op d'Aussprooch. Sou géif ee mat enger Tendenz zu germanophoner Aussproch vun "Demokratie" schwätze wärend ee bei der frankophoner Aussproch "Démo-crat-ie" [demɔkʁasi] seet.
Wann ee vu sproochleche Variabele schwätzt, dann ass gemengt: Entweeder ee Wuert mat verschiddenen Aussproochen (Nuecht/Nuet) oder e puer Wierder mat där nämmlechter Bedeitung (Puppelchen/Bëbee). Wéi sech verschidde Wierder am Laf vun der Zäit veränneren, dofir géif et net ëmmer eng Logik ginn, seet de Peter Gilles.