search

/ Vandalismus a Schoul zu Rued-Sir: Dräi Mannerjäreger als Verdächteger identifizéiert

Justiz

|
reading time

2 min

Vandalismus a Schoul zu Rued-Sir: Dräi Mannerjäreger als Verdächteger identifizéiert

Am Kader vun de Vandalismusvirfäll an enger Grondschoul zu Rued-Sir huet d‘Police elo dräi Verdächteger identifizéiert. Dobäi handelt et sech ëm dräi Mannerjäreger am Alter vun 13, 15 a 16 Joer. Am Kader vun der Enquête goufen och Perquisitiounen ordonéiert.

reading time

2 min

Ee Klassesall an der Schoul vu Rued-Sir wou Vandalismus bedriwwe gouf | © Gemeng Betzder Facebook
Ee Klassesall an der Schoul vu Rued-Sir wou Vandalismus bedriwwe gouf (Foto: Gemeng Betzder Facebook)

Dobäi gouf Beweismaterial saiséiert. Déi ganz Enquête fält ënnert d‘Jugendschutzgesetz, esou de Parquet weider. De Parquet rappeléiert, datt wéinst dem héije Materialschued mat zolitten ziville Konsequenze fir déi Erzéiungsberechtegt ze rechnen ass. 

Iwwerdeems erkläert de Parquet, datt dës Fäll vu Vandalismus keng Bagatell duerstellen. Se wieren awer an engem allgemenge gesellschaftleche Kontext ze gesi bei deem Mannerjäreger stroffälleg ginn. Et géif een hei mat Rigeur virgoen an déi Betraffe responsabiliséiere fir Recidiven ze verhënneren.  

Vandalismus an der Schoul Rued-Sir  | © Sophie Schroeder
Vandalismus an der Schoul Rued-Sir (Foto: Sophie Schroeder)