Radioen

On air

Moiesstudio  |  Gilles Hempel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Urteel an den USA: Google verstéisst géint Konkurrenzrecht

Aner Sichmaschinnen hu keng Chance

Urteel an den USA: Google verstéisst géint Konkurrenzrecht

Google gouf an den USA schëlleg erkläert, well d'Sichmaschinn géint d'Konkurrenzrecht verstéisst. Dat huet de Riichter zu Washington decidéiert.

auto_stories

1 min

Google | © Greg Bulla / Unsplash
Foto: Greg Bulla / Unsplash

Google krut virgehäit, Milliarden Dollar bezuelt ze hunn, dee gréissten Deel dovun un Apple, fir ze garantéieren, datt d'Google-Sichmaschinn de Standard ass op ville Smartphonen an Internet-Browseren.

Dat wier illegal. Aner Sichmaschinnen hätte keng Chance, Google Konkurrenz ze maachen, esou d'Urteel. Google huet direkt annoncéiert an Appell géint dat Urteel wëllen ze goen.