arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Urteel Valentiny: Gemeng Schengen decidéiert nächst Woch op si an Appell geet

Lokales

|
headphones

1 min

Urteel Valentiny: Gemeng Schengen decidéiert nächst Woch op si an Appell geet

D’nächst Woch decidéiert d’Schengener Gemeng doriwwer, ob si Appell mécht géint d’Urteel am zivilrechtleche Volet vun der Affär géint den Architektebüro Valentiny. Dat huet de Buergermeeschter Michel Gloden op Nofro hi matgedeelt.

headphones

1 min

Viru sechs Deeg hat d’Tageblatt gemellt, datt d’Gemeng dozou verurteelt gouf, dem Architektebüro ronn 180.000 Euro Schuedenersatz ze bezuelen. Am strofrechtleche Volet dogéint waren am Mäerz 2024 de Buergermeeschter an déi zwee Schengener Schäffe fräigesprach ginn.

Den Architektebüro war senger Zäit op d’Geriicht gaangen, well am Mee 2023 an enger Gemengerotssëtzung decidéiert gouf, zwee Kontrakter mam Büro ze kënnegen. Et war dobäi ëm de Schoulcampus Baggerweier zu Rëmerschen gaangen.