arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ursula von der Leyen behapt sech géint zwee Mësstrauensvotten

EUROPAPARLAMENT

|
headphones

2 min

Ursula von der Leyen behapt sech géint zwee Mësstrauensvotten

D’Motioun vun de riets-extremen “Patriote fir Europa” krut méi Stëmmen (179) wéi déi vun de Lénken (133). Béid Anträg hunn déi néideg Majoritéit awer largement verfeelt. Vun de sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert huet just de Fernand Kartheiser eng dovu matgedroen.

headphones

2 min

EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen  | © European Union 2025
EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen (Foto: European Union 2025 )

Am Europaparlament sinn de Mëtteg wéi erwaart zwou Motion-de-censurë géint d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen duerchgefall.

Déi riets-national “Patriote fir Europa” an d’Fraktioun vun de Lénken haten allebéid d’Vertrauensfro an der Plenière gestallt.

Béid Motioune largement duerchgefall

Béid Motioune krute bei Wäitem net déi néideg Majoritéit.

Vun de ronn 600 Europadeputéierten, déi mat ofgestëmmt hunn, hunn der 133 fir d’Motioun vun deene Lénke gestëmmt. Déi vun de Patriote fir Europa koum op 179 Jo-Stëmmen. Bei där éischter hunn 378 Deputéiert, bei där zweeter 383 dergéint gestëmmt. 

Liicht bessert Resultat fir d’Ursula von der Leyen ewéi am Juli

Schonn am Juli hat sech d’Kommissiounscheffin missen engem Mësstrauensvott stellen, och deen hat keng Majoritéit kritt.

D’Resultat war deemols änlech ausgefall, och wann dës Kéier liicht méi Leit mat Neen, also en faveur vun der Ursula von der Leyen, gestëmmt hunn. D’Motioun war am Juli mat 175 zu 360 Stëmmen duerchgefall.

Lëtzebuerger EU-Deputéiert: Just Kartheiser seet Jo zu enger vun de Motiounen

Vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert huet just de Fernand Kartheiser fir eng vun de Motioune gestëmmt. Den ADR-Politiker hat déi vun de “Patriote fir Europa” mat agereecht an huet do och mat Jo gestëmmt. Bäi där vun deene Lénken huet hie sech enthalen.

D’Vertrieder:inne vun der CSV, der LSAP an der DP hu béid Motiounen ofgeleent.

D’Tilly Metz vun deene Gréngen huet bei där vun de Patriote fir Europa mat Neen gestëmmt, a sech bei där vun deene Lénken enthalen. Si stéing der Kommissiounspresidentin kritesch géintiwwer, wéilt awer duerch den Ament net zu enger Destabiliséierung vun der EU bäidroen, esou d’Politikerin vun déi gréng an engem Communiqué.

D’Kommissiounscheffin hat béide Fraktiounen, déi d’Motiounen agereecht hunn, e Méindeg an enger Debatt reprochéiert, si géifen dem russesche President Wladimir Putin, deen d’EU spalte wëllt, an d’Hänn spillen. Dee Message vun der EU misst den Ament méi ewéi jee vun der Unitéit sinn.