arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ursaach vu Pann bei der Post warscheinlech op technesche Problem zeréckzeféieren

Post

|
reading time

1 min

headphones

5 min

play_arrow

Ursaach vu Pann bei der Post warscheinlech op technesche Problem zeréckzeféieren

Wéinst dem technesche Feeler wieren déi 2 Haapstservere fir de 5G vun der Post net gaangen. De Lex Delles sot och, eng Cyberattack kéint een den Ament nach net ganz ausschléissen, dat géif nach gekuckt ginn. D‘Post huet fir de Moien 11 Auer op e Point Presse invitéiert fir weider Detailer ze ginn.

reading time

1 min

headphones

5 min

play_arrow
De Minister Lex Delles | © Morgane Weidig
De Minister Lex Delles (Foto: Morgane Weidig)

De Minister Lex Delles huet am 100,7-Interview zouginn, datt dës Pann eng Rei Schwächten däitlech gemaach huet. D'Noutruffdéngschter ware jo net ze erreechen an och d'Messagë vun den LU-Alerte waren net ganz däitlech formuléiert.

Un déi Betraffen, notamment d'Clientë vun der POST, waren d'Alerten eréischt erausgaangen, nodeems d'Pann eriwwer war.

play_arrow Lauschteren