Duerch dëse Gesetzestext soll déi grouss Prisongsreform vun 2018 ergänzt "an de Gesetzleche Kader un déi scho geliefte Realitéiten an de Prisongen hei am Land ugepasst" ginn, wéi den Deputéierte Guy Arendt preziséiert huet.
Equiliber tëschent Sécherheet a Grondrechter
Virgesinn ass ënner anerem, datt den Accès fir psychologesch Betreiung vum Detenue verbessert gi soll. Esou wéi d’Begleedung vum Prisonéiere wärend senger Haftzäit an d'Reintegratioun an d’Gesellschaft, wéi CSV-Rapportrice Stépahnie Weydert erkläert.
"Dës weidere ginn et Ännerunge mat dësem Text iwwert déi sensibel Realitéite vun der Detentioun: Disziplin, Fouillen, Sécherheet, temporär Ausgäng an de Kampf géint d'Abrénge vu verbuedene Substanzen an Objeten. Hei mussen d'Reegele ganz kloer encadréiert sinn, fir den Equiliber rëm tëschent der Sécherheet an de Grondrechter vun all Prisonéier ze garantéieren."
Erfarungen aus leschte Jore berécksiichtegen
De Gesetzesprojet géif dobäi och d'Erfarungen aus de leschte Joer berécksiichtegen, esou d'CSV-Rapportrice. Notamment aus der Pandemie, wéi den Asaz vu Videokonferenzen.
Den Dan Biancalana vun der LSAP huet gelueft, datt den Text vun 2018 nach eemol op de Leescht geholl ginn ass. Acteuren um Terrain hätten ëmmer nees op Lacunnen am Gesetz opmierksam gemaach.