Radioen

On air

Moiesstudio  |  Ten Fé - Any Time Soon

play_arrow Live
search

/ Chambre immobilière an ABBL: "Unzeeche fir eng Reprise am Immobiliesecteur"

LOGEMENT

Chambre immobilière an ABBL: "Unzeeche fir eng Reprise am Immobiliesecteur"

Et géifen Unzeeche vun enger Reprise am Immobiliesecteur ginn. Dat hunn d’Chambre immobilière an d’ABBL haut um Dënschdeg virun der Press gesot. Et wier awer weider Virsiicht gebueden.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
V.l.n.r.: Jerry Grbic, Max Didier, Jean-Paul Scheuren (Foto: radio 100,7 / Eric Ewald)

Woubäi charte.lu an aides.lu der Haaptsaach Keefer an Investisseuren huet als Zilgruppen. Bei aides.lu sinn dat Jonker, déi eng éischt Kéier kafen, an Investisseuren.

Wat den Immobiliësecteur ugeet, huet ee bei der Chambre immobilière zejoert also eng Reprise festgestallt. Wuel goungen d’Präisser vun Appartements-, Haus- an Terrainsverkeef no ënnen, mee et gouf en ënneschte Peak erreecht, sou de Porte-parole vun der Chambre immobilière, Jean-Paul Scheuren. Dogéint wieren d’Loyeren extrem geklommen. Well ee Statistike vum Secteur nolafe géif, hätt een eng Enquête bei den eegene Membere lancéiert.

Privatmarché bei VEFAen zitt nees un

Am éischte Semester wier nach ronn een Drëttel vun deene Ventë vum Staat a vun de Gemenge gemaach ginn, am zweete Semester just nach manner wéi 5 Prozent.

"Dat heescht de Marché huet kloer gewisen, datt mer an d’Luucht gezu sinn, wat d’Transaktiounen ugeet, mee awer och gesi mer, datt et de Privatmarché ass, deen ugezunn ass."

Donieft hunn d’Zuele gewisen, datt et - par rapport zum éischte Semester zejoert - am zweeten 48 Prozent méi VEFA-Venten, spréch Verkeef no Plang, gouf. D’Mesurë vum Staat géifen deemno ufänken ze gräifen, och wann een, trotz dem Usaz vun enger Reprise, wäit vun de Chiffere vun 2020/2021 ewech wier, sot de Jean-Paul Scheuren.

Vum ABBL-Direkter Jerry Grbic war et iwwerdeems d’Annonce, datt et beim Ënnerstëtzungsmechanismus Prolog S.A. vu 5 Banke fir VEFA-Venten zu Adaptatioune kënnt. Sou gëtt virun allem de minimal néidege Virverkafstaux, fir an de Programm ze kommen, vu 50 op 30 Prozent erofgesat. Donieft goufen d’Dossierskommissiounen adaptéiert, fir kleng Objeten net ze benodeelegen.

Lauschterenplay_arrow