D'Demande géif weider eropgoen, seet de Luc Schmitz. Den Ament géif et mat de Kapazitéiten nach duergoen, mee wann d'Demande weider géif klammen, misst een iwwerleeën ze erweideren.
D'Haaptgrënn fir lëtzebuergesch ze léiere wier d'Integratioun an d'Aarbechtssich. Bei Eltere wier et och dacks de Wonsch fir d'Kanner, déi hei an d'Schoul ginn, ze verstoen.
“Dann natierlech och perséinlech Grënn: Dat ass, datt d’Leit Lëtzebuergesch léiere fir Kanner ze verstoen, déi viäicht hei an d’Schoul ginn an dann esou ënnerteneen eng 'Geheimsprooch' schwätzen. An d’Eltere wëllen déi dann och kënne verstoen a schwätzen.”
Zesumme mam ZLS gouf den ZLO ausgeschafft, den Zertifikat fir Lëtzebuerger Orthographie. Dee riicht sech virun allem u Leit, déi et interesséiert, wéi gutt si an der Lëtzebuerger Orthographie sinn. Et kann een en och bei säin CV dobäileeën, awer offiziell gëtt en néierens gefrot, esou de Luc Schmitz.
Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
De 26. September ass den Europäeschen Dag vun de Sproochen - dat war den Ulass fir esou deen éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch doraus ze maachen.
Dat wier wichteg fir d’Lëtzebuerger Sprooch “"en evidence" ze setzen, esou de Luc Schmitz.