Der UNO no sinn an der Ukrain méi wéi 12 Millioune Leit op Hëllef ugewisen, dorënner Décken, a Stroum-Generatoren. D‘Ëmsetze vum Friddensplang fir d‘Gazasträif, de Krich am Sudan, an déi amerikanesch Attacken op presuméiert Drogeschëffer an der Karibik an am Pazifik si weider Themen.
D‘Ausseministere vum G7 – also den USA, Kanada, Däitschland, Frankräich, Italien, Groussbritannien a Japan – si gëschter um Dënschdeg fir hiert Treffen zu Niagara, un der kanadesch-amerikanescher Grenz, ukomm.