arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesche Geheimdéngscht: 160 Attacken op russesch Pëtrol-Infrastruktur

Ukrain

|
headphones

1 min

Ukrainesche Geheimdéngscht: 160 Attacken op russesch Pëtrol-Infrastruktur

D‘Ukrain huet dëst Joer bis elo eng 160 Attacken op russesch Pëtrol-Infrastrukture lancéiert. Dat huet de Chef vum ukrainesche Geheimdéngscht haut mat gedeelt. Déi Attacken hätte russesch Pëtrols-Produktiouns-Zentralen a Pëtrols-Raffinerie viséiert.

headphones

1 min

© picture alliance / SZ Photo | Friedrich Bungert
(Foto: picture alliance / SZ Photo | Friedrich Bungert)

D‘Ukrain huet haut um Freideg d‘Europäesch Unioun opgeruff, méi héich Douanes-Taxen op Importer vu russesche Produiten anzeféieren, déi net ënnert d‘EU Sanktioune falen. Anescht wéi bei Sanktiounen, brauch et fir eng Decisiounen iwwert Douanes-Taxen, ënnert de 27 EU Länner kéng Unanimitéit, mee just eng zwee-Drëttel Majoritéit. 

Réckgang vu bal 90 Prozent 

Zënter der russescher Invasioun vun der Ukrain am Februar 2022 an der progressive Aféierung vu Sanktioune géint Moskau, sinn d‘Importer vu russesche Produiten an d‘EU ëm bal 90 Prozent zréckgaangen, esou offiziell europäesch Statistiken.