Et géifen nach ëmmer vill Steng am Wee zum Waffestëllstand leien, esou den Andij Melnyk.
"Wir hoffen, dass es uns gelingt, einen gerechten und dauerhaften Frieden zu erreichen und vor allem dafür zu sorgen, dass ein neuer, noch schlimmerer Krieg nicht wieder ausbricht. Dafür müssen noch viele Massnahmen getroffen werden, damit Russland keine neue Chance für sich entdeckt, um neu die Ukraine und auch Europa anzugreifen."
Den ukrainesche Botschafter bei de Vereenten Natiounen hofft, datt et den USA zesumme mat der EU gelénge wäert, Fridden an der Ukrain ze erreechen.
Weder déi ukrainesch Regierung nach d’Gesellschaft wieren awer de Moment bereet, Gebitter u Russland ofzetrieden, als Präis fir de Fridden, esou den Andij Melnyk um ZDF: Esou ee Verzicht wier och "ee falscht Signal".
Ukraineschen Energiesecteur an der Nuecht ugegraff
An der Nuecht op en Dënschdeg sinn op mannst dräi Persoune bei den Ugrëff gestuerwen. Zwee Deeg viru Chrëschtdag koum et zu Stroumpannen.
Russland huet an de leschte Méint ëmmer nees d’Gas a Stroum-Installatiounen an der Ukrain viséiert. An der Nuecht op en Dënschdeg huet d’Ukrain eng 635 Dronen an 38 Rakéite registréiert, 587 Dronen a 34 Rakéite konnten ofgewiert ginn, huet déi ukrainesch Arméi gemellt.