Fir d’Ukrainer an der belagerter Donbass-Stad Pokrowsk gëtt d’Lag ëmmer méi schwéier. Ukrainesche Medien no, huet d’Arméi eng Spezialunitéit hannert de russesche Linnen agesat, fir den Drock op d’Verdeedeger ze reduzéieren an d’Versuergung ze sécheren. D’Kommandoequipe soll mat engem Helikopter ofgesat gi sinn an d’Aufgab hunn, d’Nofuerlinnen tëschent Pokrowsk a Myrnohrad fräizekämpfen.
De Sender Suspilne huet gemellt, datt och de Chef vum militäresche Geheimdéngscht Kyrylo Budanow selwer un der Front soll sinn, fir d’Operatioun ze leeden.
Moskau: “Zaldote goufen neutraliséiert”
Aus Moskau heescht et dogéint, d’Aktioun wier vereitelt ginn. Dem russesche Verdeedegungsministère no, wieren all eelef Zaldoten, déi mam Helikopter gelant wieren, «neutraliséiert» ginn. Dës Ausso gouf awer vun ukrainesche Quellen dementéiert – den Asaz géif weiderlafen. Verschidde Medien hunn e Video vun der Landung kritt, deen d’Situatioun um Terrain awer net kloer dokumentéiert.
D’Stad Pokrowsk, eng fréier Biergbauplaz mat ronn 60.000 Awunner virum Krich, ass scho laang en Haaptzil vun de russeschen Truppen. Mëttlerweil soll Russland an Deeler vun der Stad agedronge sinn, a fir déi ukrainesch Truppen a Pokrowsk a Myrnohrad besteet d’Gefor vun enger Einkesselung.
Den ukraineschen Oberbefehlshaber Olexander Syrskyj huet beim Besuch vun der Front beoptraagt, d’Versuergungs- an Evakuatiounsweeër ënner allen Ëmstänn opzebehalen.
D’Ukrain verteidegt sech elo zënter méi wéi dräi an en halleft Joer géint déi russesch Invasioun.
Iwwersat vun der DPA.