All déi ukrain-feindlech Positioune wieren erausgeholl ginn. De Selenskyj huet op en Neits ausgeschloss, datt Kiew ukrainesch Gebidder u Russland ofgëtt.
Selenskyj zu Bréissel
Den ukrainesche President ass den Ament op Tournée bei sengen Alliéierten an Europa. No London ass hien e Méindeg op Bréissel gereest.
Hien huet do d‘Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen, den NATO-Chef Mark Rutte, an de Conseilspresident Antonio Costa iwwer de Stand vun de Gespréicher mat den USA informéiert.