Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
search

/ Ukrain pocht weider op NATO-Bäitrëtt

USA an Däitschland nach onsécher

Ukrain pocht weider op NATO-Bäitrëtt

D‘Ukrain fuerdert weiderhin eng Bäitrëttsinvitatioun vun der NATO. Dat soll den ukraineschen Ausseminister den Owend och nach eng Kéier bei engem Treffe mat den NATO-Ausseminister zu Bréissel kloer maachen.

auto_stories

1 min

© NATO
Foto: NATO

Nëmmen d‘NATO kéint d‘Ukrain schützen, an dofir wéilt Kiew och nëmmen eng NATO-Memberschaft acceptéieren. Aner Garantien hätte bis elo net gehollef, heescht et an engem Communiqué.

D‘Militärallianz huet Kiew ee Bäitrëtt versprach, allerdéngs wiere sech ënnert anerem Däitschland an d‘USA den Ament fir ee konkrete Wee dohinner opzeweisen.

Russland ass géint eng NATO-Memberschaft vun der Ukrain. Dat wier eng Bedrohung fir seng Sécherheet, esou Moskau.

Den NATO-Generalsekretär warnt iwwerdeems virun engem erzwongene Friddens-Deal am russeschen Ugrëffskrich. Et dierft op kee Fall dozou kommen, datt den nordkoreanesche Leader Kim Jong Un de chineesesche President Xi Jinping oder anerer sech een "high five" géife ginn, esou de Mark Rutte. 

Fir Lëtzebuerg ass den Ausseminister Xavier Bettel dobäi.