Ukrain krut Projet fir e Friddensplang vun den USA
Et wier en Entworf, wéi de Krich mat Russland op en Enn kéint bruecht ginn. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, deen dee Plang offiziell kritt hätt, wier bereet, konstruktiv mat Washington dorop ze schaffen an déi diplomatesch Beméiunge fir en Enn vum Krich nees frësch ze lancéieren.
Den ukrainesche President géif an den nächsten Deeg mat sengem amerikaneschen Homolog Donald Trump doriwwer diskutéieren, heescht et nach vu Kyiv.
Gëschter haten amerikanesch Medie gemellt, datt d‘USA a Russland hannert dem Réck vun der Ukrain Verhandlungen iwwert en Enn vum Krich géinge féieren. Doran hätte si virgesinn, datt d‘Ukrain Territoire misst ofginn an seng Arméi misst verklengeren.